Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Angscht virun der Klimakris? Loosst eis driwwer schwätzen! De Visionäre Schülerforum eemol anescht      

Ufank Oktober war d’Katharina van Bronswijk zu Gaascht beim Mouvement Ecologique. Déi geléiert Psychotherapeutin ass selwer am Klimaberäich engagéiert an huet rezent ee vill gelueftent Buch erausgi mam Titel „Klima im Kopf – was die ökologische Krise mit uns macht“. Den 3. Oktober huet si op enger Konferenz vum Méco ee spannende Virtrag  gehaal zum Thema „Verstoe wat Noriichten zur Klimakatastroph mat eis maachen: fir de Courage ze behalen a verstäerkt aktiv ze ginn!“. Den Dag duerno konnt move. dat Thema mam Katharina van Bronswijk wärend dem „Visionäre“-Forum aus der Perspektiv vu Jugendleche beschwätzen. Dat awer op eng aner Aart a Weis.

Och hei bei eis spiere mir d’Klimakris ëmmer méi staark. An trotzdeem dréint d’Welt weider an et huet ee séier den Androck, datt net genuch geschitt, fir aus dëser Kris nees erauszekommen. Besonnesch wann een als Klimaaktivist:in engagéiert ass, kann déi reegelméisseg Konfrontatioun mat der Klimakris e Risiko fir déi mental Gesondheet duerstellen. An dem Kader huet dest Joer de Visionäre ënnert dem Titel „Angscht virun der Klimakris? Loosst eis driwwer schwätzen!“ stattfonnt.

Fir d’Ronn mam Katharina van Bronswijk virzebereeden, hu mir eis mat Hëllef vun engem kuerze Stëmmungsbild an enger Rei thematesche Froen lues un dat Thema erugetaascht. Jiddereen deen um Workshop derbäi war, huet uginn, datt e schonn eemol iwwer seng Klimagefiller geschwat huet an datt e sech op den Austausch mat anere Jonke freeë géif.

Iwwer Klimagefiller schwätzen – de Gespréichskreess mam Katharina van Bronswijk

Den Highlight vum Workshop war de Gespréichskreess mam Katharina, déi ënnert anerem bei Psychologists for Future aktiv ass. Mat hir hu mir driwwer geschwat, wat fir eng Gedanken an Erliefnisser mir mat der Klimakris verbannen, wéi mir mat eiser Famill, eise Frënn an anere Leit driwwer schwätzen a wéi mir mat eise Klimagefiller ëmginn. Dobäi hu mir vun Ufank u kloergestallt, datt mir an engem „safe space“ sinn, d.h. datt eis Gespréicher ënnert eis bleiwe fir datt jidderee ganz oppe schwätze kann.

D’Katharina van Bronswijk huet eis tëschenduerch ëmmer nees geziilte Froe gestallt an Denkustéiss mat op de Wee ginn. Zum Beispill, datt jidderee seng perséinlech Balance fanne muss tëscht Aktivismus an Akzeptanz dofir, datt een déi Kris net eleng a vun haut op muer léise kann. Nom Gespréichskreess huet si eis e puer „Achtsamkeitsübunge“ gewisen, also wéi mir eis Gedanken nees fokusséiere kënne wa mir (zum Beispill wéinst der Klimakris) panikéieren.

Follow-up Session: een diverse Grupp mat villfältege Perspektiven

Och wa mir ee klenge Grupp waren, sou kann een awer soen, datt et en immens villfältege Grupp war. Et ware Schüler:inne, Student:innen awer och Jonker aus aneren Ëmweltorganisatioune mat dobäi. Nom Mëttegiessen, dat de Lou aus dem Oekosoph eis gezaubert hat, hu mir eis nacheemol ouni d’Katharina zesummegesat an driwwer geschwat, wéi mir eis Klimagefiller an Engagement ëmwandele kënnen. Aus dem Gespréichskrees war nämlech erfiergaangen, datt gemeinsam Aktiounen an den Austausch mat Gläichgesënnten engem perséinlech gutt dinn a motivéieren, fir weider aktiv ze bleiwen oder ze ginn.

Mir hu beschwat, wéi ee jonk Leit nach besser erreeche kann a wéi Nohaltegkeet méi strukturell an de Schoulen an och op der Uni verankert ka ginn. Zum Beispill andeems een en Netzwierk vu Nohaltegkeetsgruppen an de Schoulen opbaut. Ausserdeem war d’Iddi opkomm, de Proffen oder Klassen, déi gären Nohaltegkeet am Cours behandele wëllen awer net wësse wéi si dat ugoe sollen, eng Art „Toolkit“ an de Grapp ze ginn. Fir och an Zukunft iwwert eis Aktiounen informéiert ze bleiwen, hunn d’Participanten sech fir de move. Newsletter ugemellt.

Wat mir dovu mathuelen…

Dëse Visionäre war anescht wéi déi Jore virdrun – fir d’éischt emol wëll et manner mat engem Input vun enger Expert:in verbonne war a méi dorop fokusséiert war, datt d’Participanten iwwer hir Gefiller schwätzen. Well d’Katharina van Bronswijk just fir dësen Datum disponibel war, hate mir ausserdeem decidéiert den Challenge unzegoen an de Visionäre Forum vill méi fréi am Schouljoer ze organiséieren. Dat huet mat sech bruecht, datt eng Rei Schüler:innen net dobäi konnte sinn, well si net fréi genuch fräi froe konnten oder wollten. Déi nächst Editioune wäerte mir dofir éischter nees um Enn vum Trimester oder un engem Samschdeg organiséieren.

De Workshop huet eis virun allem gewisen, wéi wichteg et ass, iwwer seng Gefiller ze schwätzen, an ze wëssen, datt een a sengem Engagement net eleng ass. Dat mir zesumme stinn. Jonk Leit, déi sech gäre fir eng besser Zukunft engagéiere wëllen a sech mat anere Jonken iwwer de Klima, eis Ëmwelt oder einfach ee méi nohaltegen Alldag austausche wëllen, sinn dofir ëmmer häerzlech wëllkomm an eis Versammlunge laanscht ze kommen.


Date de publication : 11.10.2022

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci