Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Fast vs. Fair Fashion: Nei Episod vu fënnefopzwielef

Zweet Episod: Fast vs. Slow Fashion

Ween huet meng Kleeder gemaach? Ënnert wéi enge Konditioune goufen se produzéiert? Wéi kann ech akafen ouni Mënsch, Ëmwelt an Déier ze schueden? A wéi eng Roll spillt d’Politik iwwerhaapt dobäi?

An dëser zweeter Folge kucke mir eis Alternativen zu Fast Fashion un a schwätze mat Acteuren aus deem Beräich. Vu Second Hand, iwwer Upcycling, zu nohalteg produzéierter Moud, ass fir jiddereen:t eppes dobäi. Freet iech op spannend Interviews, eng ureegend Diskussiounsronn an en informative Bericht. E Micro Trottoir souwéi e Spill hu mir natierlech och rëm fir iech virbereet. Lauschtert eran!

Méi Infos fannt dir hei: Akabobuttek Fair FashionLët’z RefashionBENU Village/CouturePilea SecondhandGoodonyou

fënnefopzwielef?

All 4te Freideg am Mount gëtt et eng nei Folge vu fënnefopzwielef, op Radio Ara an op Spotify! Maacht iech prett fir spannend Interviewen, Reportagen an Diskussiounen zu all deene Froen, déi eis beweegen.

Och wann den Numm villäicht den Androck vermëttelt, datt et ze spéit ass fir alleguerten déi grouss Froen a Krisen an der Welt unzegoen, wëlle mir hei am Podcast grad de Géigendeel beweisen. Et ass dringend, datt sech eppes ännert, mee mir hunn och d’Hoffnung datt mir all zesummen eppes ännere kënnen. Wéi, wat a wou? Dat gëss du am Podcast gewuer!

Ee grousse Merci geet un d’Irina Moons fir de flotten Design vun eisem Logo an un de Radio Ara fir dee wonnerbaren Encadrement!


Date de publication : 28.04.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci