Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move. am Gespréich mat der Ëmweltministesch

De 24. Mee ware mir op Invitatioun vun der Ministesch Joëlle Welfring am Ëmweltministère um Kierchbierg. Dofir hu mir eis schonn an de move. Versammlunge virdrun e puer Gedanke gemaach, wéi eng Themen eis um Häerz leien, wéi eng Fuerderunge mir der Ëmweltministesch mat op de Wee wëlle ginn a wéi eng Froe mir hir an hirem Team gäre stelle géifen.

An tatsächlech sinn déi zwou Stonne wéi am Flug vergaangen a ware bal ze kuerz fir alleguerten eis Iddien unzeschwätzen. Mir hunn eis virun allem doriwwer ënnerhalen, wéi een den Interessi fir Klima- an Ëmweltthemen an der Gesellschaft a bei Jonken nach méi stäerke kann a wéi een den Zougang zu wichtegen Informatiounen an Theme virun allem an de Schoule verbessere kann. D’Ministesch an hiert Team hunn eis gezielt wéi eng Sujeten hinnen am Wichtegste sinn, firwat och si heiansdo frustréiert sinn a firwat et sech an hiren Ae lount, um Ball ze bleiwen.

Ma och d’move-ler konnte vun hiren Erfarungen zielen. Do war Rieds vu klengen a grousse Klimastreiken, Hafer- a Koumëllech an de Schoulkantinnen a politescher Bildung am Geo- a VIESO-Cours. Natierlech hu mir d’Geleeënheet och genotzt, fir nach e puer Informatioune fir eise Podcast ze sammelen, vun deem am Juni eng nei Episod zum Thema Ernährung erauskomme wäert.

Mir soen der Madamm Ministesch Merci, dass si sech Zäit geholl huet fir op eis Froen anzegoen an eis an eisem Engagement ze ënnerstëtzen!

Foto riets © Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable


Date de publication : 25.05.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci