Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

Wéi gesäit eng move. Gemeng aus? Proposë fir déi nei Gemengeréit

Am Kader vun de Gemengewalen 2023 huet move. déi Jonk am Mouvement Ecologique e puer besonnesch wichteg Proposen aus der Siicht vu Jonken ausgeschafft. Dës sinn d’Resultat vun Diskussiounsronnen, klenge Workshops an eise wëchentleche Versammlungen. 

Mir hunn eis gefrot: 

  • Wéi gesäit eng move. Gemeng aus? 
  • Wéi eng Themen interesséieren a betreffe Jonker?
  • Wat wënsche mir eis? 
  • Wat erwaarde mir vun der Politik?

Zil ass et, datt och jonk Stëmmen an der Gemeng Gehéier fannen an déi Jonk sech méi an der Gestaltung vun hirer Gemeng mat abrénge kënne sollen. Dat gëllt fir all Jonken, och wann si nach net wiele konnten /kënne goen. Dofir kréien alleguerten déi nei Gemengeréit ee Bréif vu move. mat eise Proposen an mat enger Affiche, déi eis Positiounen nacheemol ganz iwwersiichtlech illustréieren. Merci un d’Lisa fir dee wonnerbaren Design!

Mir hunn eis zu de folgenden Theme Gedanke gemaach:

  1. Mobilitéit
  2. Ëmwelt/Klima
  3. Konsum.

Sou gesäit d’Mobilitéit an enger move. Gemeng aus:

  • Ëffentlechen Transport an Nuetsverkéier, wann een e brauch

Den eenzege Wee, wéi d’Leit méi mam Bus fueren, sinn besser Verbindungen. Den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, war den éischte Schrëtt. Lo gëllt et awer, sech net dorop auszerouen, mee weider Verbesserunge virzehuelen, bis datt den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg nach méi a nach léiwer vun de Leit genotzt gëtt. Jo, am Moment gesäit een nach ze vill Busser relativ eidel ronderëm fueren. Mir denken dëst géif sech awer änneren, wann d’Busser méi oft géife fueren. 

De Nuetsverkéier ass souguer nach méi wichteg, well et hei ausserdeem ëm d’Sécherheet vun de Leit geet. Et muss verhënnert ginn, datt (jonk) Leit an der Nuecht nom Rausgoe mam Auto heem fueren oder eleng duerch d’Stad geeschteren, well se net wëssen, wéi se sollen heem kommen. 

Hei mussen d’Gemenge Responsabilitéit iwwerhuelen a genuch zouverlässeg Nuetsbussen zur Verfügung stellen. An de ländleche Gebitter kann ee méi mat Busser op Demande schaffen.

  • Accessibilitéit

Al Busser, an deenen ee muss e puer Träppleker erop goen, wann ee era klëmmt, mussen ofgeschaaft an duerch neier ersat ginn. Den ëffentlechen Transport soll fir jiddereen:t accessibel sinn, Leit mat enger Behënnerung a Leit mat enger Poussette solle keng Schwieregkeeten hunn, wann si mam Bus wëlle fueren. An och de Vëlo soll an d’Busse passen.

  • Vernetzten Vëlosweeër

Leider feelt et a ville Gemengen u gutt ausgebauten a séchere Vëlosweeër. Mir fuerderen, datt mindestens innerhalb vun enger Gemeng all Dierfer iwwert e Vëloswee matenee verbonne sinn, fir datt mir eis sécher kënnen an eiser Gemeng mam Vëlo beweegen. Ausserdeem ass et wichteg, datt och Verbindungen tëscht de Gemenge gemaach ginn an datt méi Vëlosstänneren opgestallt ginn.

  • Carsharing is caring

Carsharing Servicer, wéi z.B. Carloh oder Flex, gëtt et jo schonn an der Stad an a vereenzelten Dierfer ronderëm d’Stad oder laanscht d’Zuchstreck. Ma firwat dann net an all Gemeng? Sou misst net méi jiddereen en eegenen Auto hunn a géif sech just en Auto léinen, wann et wierklech néideg ass an een eng Alternativ zum ëffentlechen Transport brauch. 

Eng move. Gemeng mécht Folgendes fir d’Ëmwelt an d’Klima ze schützen:

  • Méi Gréngs

Datt ni ze vill Beem, Hecken a Planze kënnen an de Gemenge stoen ass bekannt. Eis ass et awer och wichteg, datt bestoend Beem musse geschützt ginn. Si dierfen net ëmgemaach gi fir Stroossen méi grouss ze maachen oder Parkplazen ze bauen. An natierlech brauche mir vill méi Gréngs wéi bis elo, fir datt mir genuch Plazen hunn wou mir eis mat eise Kolleegen treffe kënnen. Mir wëlle gäre mat décidéieren, wéi eis Gemeng méi gréng gemaach ka ginn.

Mir wënschen eis och gréng Diecher a Fassaden, eppes, wat ganz einfach vun enger Gemeng ëmzesetzen ass. Virun allem kënnen ëffentlech Gebaier wéi Schoulen, Gemengen, Musekssäll a Sportshalen dofir genotzt ginn. Begréngung a Solarpanneauen ginn souguer Hand an Hand! 

  • Schutz virun Naturkatastrophen a Wiederextremer

Wéi mir an de leschte Jore ganz kloer gesinn hunn, bleift och Lëtzebuerg net méi vum Klimawandel verschount. Ee Summer méi dréchen wéi deen aneren an tëschenduerch massiv Reefäll, déi zu schrecklechen Iwwerschwemmunge féieren. Mir fuerdere präventiven Iwwerschwemmungsschutz fir d’Sécherheet vun de Leit ze garantéieren. D’Gemeng kann och Reewaasser opfänken, fir an Zäite vun Dréchent genuch Waasserreserven ze hunn, zum Beispill fir d’Geméisbaueren an der Gemeng. E gudde Waassermanagement, och fir d’Gréngs erhalen, misst eng Selbstverständlechkeet sinn.

  • Zesumme fir eis Ëmwelt

Gemeinschaftsgäert an iessbar Stied suergen dofir, datt jiddereen:t an der Gemeng säi Bäitrag fir méi Biodiversitéit leeschte kann, an ee Gefill fir den Ubau vun Uebst, Geméis a Kraider kritt. Et stäerkt ausserdeem den Zesummenhalt vun de Leit, déi sech op deene Plaze begéinen. A firwat net schonn um Terrain vun der Primärschoul domat ufänken?

Sou konsuméiert eng move. Gemeng:

  • Lokal, kleng, nohalteg 

Eng Gemeng soll a kleng Betriber, Second Hand Butteker, lokal Epicerien an aner nohalteg Initiativen investéieren. Mat investéiere menge mir, de Leit iwwerhaapt eng Chance ginn. Dës Initiative kann een ënnerstëtzen a fërderen, andeems een zum Beispill Raimlechkeeten zur Verfügung stellt, idealerweis zu engem erschwéngleche Loyer. Doduerch géif och méi innerhalb vun den Dierfer a Gemenge “konsuméiert” ginn, amplaz datt all Mënsch muss bis an d’Staat rennen, wat als direkt Konsequenz och manner Verkéier hätt. An zousätzlech: net de Konsum an den “ëmmer méi” géife gefërdert ginn, ma d’Deelen, d’Flécken, d’Verléinen…

  • Reuse, Repair, Recycle

Wann d’Wuert Nohaltegkeet fält, soen déi meescht Leit, datt si jo scho recycléieren. Ma, a wéi fern ginn si dann dobäi vun hirer Gemeng ënnerstëtzt? All Gemeng soll z.B. reegelméisseg ee Repair Café organiséieren, fir datt jiddereen:t aktiv ka ginn a reparéiert/reparéiere léisst, amplaz ewechzegeheien. Och d’Ressourcenzentre spillen hei eng wichteg Roll.




Date de publication : 15.06.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci