Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

fënnefopzwielef Nr. 3 ass do: Nohaltegkeet um Teller

Drëtt Episod: Nohaltegkeet um Teller

Iesse verbënnt een oft mat Kultur, Kandheetserënnerungen a Genoss. Dowéinst ass dat Thema esou perséinlech an oft ginn Diskussiounen doriwwer séier hëtzeg. An dëser Episod wëlle mir versichen, den Zesummenhang tëscht eisen Iessgewunnechten an enger nohalteger Liewensweis besser ze verstoen. Wat seet d’Wëssenschaft? Wat soen d’Schülerinnen a Schüler an de Schoulkantinnen? A wat sinn d’Erfarunge vum Alice a vum Delphine, déi sech nëmmen nach vegetaresch/vegan ernären? A virun allem: Wei kann eng Ernährungsform ausgesinn, déi nohalteg ass a Spaass mécht? Zesumme mat enger ganzer Rei move-ler a spannenden Invitée:en beschwätze mir, wat bei eis op den Teller kënnt – a wéi mir gläichzäiteg eise Planéit schütze kënnen.

Méi Infoen zu den Themen aus dëser Episod fannt dir hei: Broschür vum LIST iwwert de lëtzebuergeschen CO2-Foussofdrock; D’Food4Future Strategie fir nohaltegt Iessen an de Kantinnen; Dem Delphine säi Rezept fir vegan Macarons

fënnefopzwielef?

All 4te Freideg am Mount gëtt et eng nei Folge vu fënnefopzwielef, op Radio Ara an op Spotify! Maacht iech prett fir spannend Interviewen, Reportagen an Diskussiounen zu all deene Froen, déi eis beweegen.

Och wann den Numm villäicht den Androck vermëttelt, datt et ze spéit ass fir alleguerten déi grouss Froen a Krisen an der Welt unzegoen, wëlle mir hei am Podcast grad de Géigendeel beweisen. Et ass dringend, datt sech eppes ännert, mee mir hunn och d’Hoffnung datt mir all zesummen eppes ännere kënnen. Wéi, wat a wou? Dat gëss du am Podcast gewuer!

Ee grousse Merci geet un d’Irina Moons fir de flotten Design vun eisem Logo an un de Radio Ara fir dee wonnerbaren Encadrement!


Date de publication : 26.06.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci