Mouvement Écologique
déi Jonk am Mouvement Écologique

move.approved ass gewuess! 15 nei Adressen fir den alternativen online-Guide vu move.

Eise Communiqué un d’Press fënns du hei: LU / EN


Och 2023 ass Lëtzebuerg nach ëmmer dat Land, dat den Overshootday – also deen Dag wou mir als Land schonn alleguerten déi Ressource verbraucht hunn, déi eis eigentlech fir ee ganzt Joer ze gutt stéingen – weltwäit als zweet Land erreecht, nämlech schonn am Februar. An obwuel mir wëssen, datt eis Ressource begrenzt sinn, ass de Black Friday nach ëmmer ee vun den erfollegräichste Konzepter vun der Geschäftswelt fir mat ganz héichen Reduktiounen zu nach méi Konsum unzereegen. Woubäi an där Stëmmung erwisenermoosse virun allem Saache kaaft ginn, déi een net brauch an déi een och net méi glécklech maachen.

Déi gutt Noriicht ass: och hei zu Lëtzebuerg ginn et schonn eng ganz Rei vun Initiativen, Organisatiounen a Butteker, déi sech Nohaltegkeet op de Fändel geschriwwen hunn. move., déi Jonk am Mouvement Ecologique, hunn sech op d’Sich no genee dëse Plaze gemaach an den éischten alternative Stadplang fir d’Stad Lëtzebuerg erausbruecht: move.approved ass gebuer. 2020 ass dëse Stadplang online gaangen an huet sech op d’Stad Esch erweidert. Elo, 3 Joer méi spéit, ass et Zäit fir en Update vu

moveapproved.lu

Iwwer 60 Plaze sinn an deem neien Online-Guide ze fannen, opgedeelt a 5 Kategorien: Iessen&Drénken, Kultur, Aktivismus, Fräizäit a Fashion.

Fir all Kategorie hu mir Krittäre festgeluecht. Dës Krittären notzt move. fir ze decidéieren op eng Adress an d‘Konzept passt. Move.approved huet net den Usproch, datt d’Adresse perfekt sinn an zu 100% der Idealvirstellung aus ökologeschen a soziale Krittären entspriechen. Et gëllt déi Adressen ze würdegen, déi ee signifikanten Effort fir d’Nohaltegkeet maachen an op hier Aart a Wéis ee Virbild sinn. Iwwerdeems ginn och Plaze virgestallt, déi mir als move. einfach flott fannen, well Zesummesinn mécht bekannterweis méi frou wéi konsuméieren.

Nei dobäi komm sinn des Kéier zum Beispill de vegane Restaurant Rucolino zu Diddeleng, d’Organisatioun ProVëlo oder Devï, een Upcycling-Kleederbuttek mat fair produzéierter Moud an der Stad. Och eng Rei kulturell Ariichtunge wéi d’CITIM Bibliothéik oder d‘Escher Kulturfabrik sinn um Site ze fannen, genee esou wéi e puer Plazen am Land déi vun eise move.ler als « Coup de Cœur » bezeechent goufen (z.B. den Ellergronn oder de Skatepark Péitruss).

Du hues eng Iddi, wéi eng Adress/Plaz nach kéint an de move.approved passen? Mir freeën eis ëmmer iwwer Feedback vu baussen, fir de Site weider ze entwéckelen. Adressen déi kéinten op de Site passen an de Krittären entsprieche, kann een eis gären via move@oeko.lu mellen.

Nächst Woch wäert am Kader vun dësem Update de move.approved Rallye starten. Méi Informatiounen komme geschwënn. Stay tuned!

Wéi eng Plazen sinn beim move.approved dobäi?

Iessen&Drénken (nei dobäi)

  • An der Stad: Beet/Seed, Oekosoph, Ready, Tartefinebio, Chiche, Onda, Intense Coffee, Snack in Joy, Lokaal, Green Olive, Glow, Café le Bovary, Nirvana Café
  • Zu Esch: Weltbuttek, Café um Eck, Escher Kafé, Mesa, Kaf Lokal
  • Zu Diddeleng: Rucolino

Kultur

  • An der Stad: Oekobib, CITIM, CID Femmes, Rotondes, Cinémathèque
  • Zu Esch: Escher Theater, Kamellebuttek, Escher Konschthal, Kulturfabrik

Fashion (nei dobäi)

  • An der Stad: Lët’z Refashion, The Modu Shop, Akabo Fair Fashion, Helsinki Concept Store, Lena, Devï, J’adore Bio, Pardon my Closet, Les Trouvailles, Naturwelten
  • Zu Esch: Miss Bak

Aktivismus (nei dobäi)

  • An der Stad: Landjugend a Jongbaueren, Move., Fashion Revolution, Radio Ara, ProVelo
  • Zu Esch: Escher Jugendhaus, Hariko, Facilitec

Fräizäit

  • An der Stad: Klouschtergaart, Schluechthaus Hollerech, Corniche, Wenzelwee, Tony-Neumann-Park, Skatepark Péitruss
  • Zu Esch: Yoga am Minett, Déierepark, Gaalgebierg, Ellergronn

Even in 2023, Luxembourg is still the country that reaches the Overshoot Day – meaning the day when as a country, we have already consumed all the resources that should sustain us for an entire year – as the second country worldwide, specifically in February. And although we know that our resources are limited, Black Friday is still one of the most successful concepts in the business world to encourage even more consumption with high reductions. In this atmosphere, purchases are often made, especially for things that are not needed and do not make one happier. 

The good news is that in Luxembourg, there are already a number of initiatives, organisations, and shops that have committed to sustainability. In 2017, move., the youth movement within Mouvement Ecologique, has set out to discover these places and has released the first alternative city map for the city of Luxembourg: move.approved is born. This city map went online in 2020 and expanded to the city of Esch. Now, three years later, it’s time for an update of

moveapproved.lu 

Over 60 places can be found in the updated online guide, divided into 5 categories: Food & Drink, Culture, Activism, Free Time, and Fashion. For each category, criteria have been established, which move. uses to decide if an address and its concept fit into the concept. Move.approved does not claim that the addresses are perfect and meet 100% of the ideal vision in ecological and social criteria. It aims to evaluate addresses that make a significant effort for sustainability and serve as role models in their own way. 

With the update, new places have joined the move.approved guide, as for example the vegan restaurant Rucolino in Dudelange, the organisation ProVëlo, or Devï, an upcycling clothing store with fair-produced fashion in the city. Cultural institutions such as CITIM Bibliothéik or the Escher Kulturfabrik are also featured, along with a few outside places that have been designated by our move.ler as “Coup de Cœur” (e.g., Ellergronn or Skatepark Péitruss).

You have an idea of what address/location could additionally fit in the move.approved? We always appreciate feedback from the outside to further develop the site. Addresses that could fit on the site and meet the criteria can be reported to us at move@meco.lu.


Date de publication : 24.11.2023

Schreif dech an an bleif iwert all eis Aktivitéiten informeiert!
   Du hues dech ageschriwen.

    Villmols Merci